Geschicht vun der Berbuerger Musek

1887
Grënnung vun der Berbuerger Musek vun enger Handvoll Jugendlecher, net mol eng Dozen, déi sech getraff hun fir e Veräin ze grënnen den am Duerf soll bei offizielle Feieren Musek spillen. Si haten weder Ahnung vu Musek, nach haten se Instrumenter, an sou sin 3 Leit an d’Staat gefuer gebrauchten Instrumenter kafen. Den 1. Präsident vun der Fanfare Berbuerg war den Johann Metzdorff, dem seng Famill d’Musek finanziell ennerstëtzt huet. D’Prouwen, déi just am Hierscht an am Wanter waren, goufen bei him doheem ofgehaal.

1890
Schon an der éischter Halschend vun den nonzeger Joren huet den éiergäizege Veräin sech op Konkueren gewot, fir d’éischt op Iechternach, an dun op Maacher, an si haten Erfolleg. Zu Maacher kruten si den 3. Präis. Eng grouss Schwieregkeet huet dra bestan en Dirigent ze fannen, an enger Zäit wou net vill Musiker an den Dierfer gewunnt hun, net vill Stroossen do waren, an och keng Friemer an d’Dierfer komm sin. En Fräiwellegen aus dem Nopeschduerf Hierber, huet sech dun hiergin fir d’Musek ze dirigéieren, säin bescheidend musikalescht Wessen as déi Zäit duer gang. Et war ee leidenschaftlechen Idealist, den sech säi Liewe laang éirenamtlech fir d’Musek agesat huet. 1.Dirigent: Mathias Baden No engem iechternacher Dirigent, huet e Militärmusiker, Paul Albrecht, d’Direktioun vun der Berbuerger Musek iwwerholl an d’Musek séier no vir bruecht, an d’Musikantenzuel huet séier zougeholl. Den 1. Fändel as handgebitzt gin vun enger berbuerger Fra, well de Veräin nach keng Suen hat fir een ze kafen.

1912
Vun deser Zäit un bis nom Krig huet de Veräin schwéier Zäite kannt, an d’Instrumenter sin zum Deel vernoochléissegt an zerstéiert gin.

1918
Déi an Holand reparéiert Instrumenter sin nees zu Berbuerg ukomm, an ganz séier as de Veräin nees zu neiem Liewen operstan, huet seng Musikante verduebelt, en neie Fändel kritt, a riiseg Fortschrëtter gemach, bis zu de Krigsjoren.

1939

1940
De Veräin krut verbueden ze existéieren, an as ausgerott gin, d’Instrumenter an de Fändel sin awer vun Musikanten op sechere Plaazen verstoppt gin.

1946
No verschiddenen Dirigenten huet den Nicolas Lahr den Dirigenteposten iwwerholl, an huet déi next 40 Joër d’Musek duerch säin konsequenten Asaaz, Gedold an Aarbecht op ee gudden Niveau bruecht, eng Musek déi no an no méi Zoulaaf hat.

1959
Grënnung vun enger Museksschoul an Zesummenaarbecht mat der UGDA an der Manternacher Gemeng

1960
D’Berbuerger Musek hat 40 Musikanten an hiere Reien

1962
Jaarfeier vun der Berbuerger Musek, den 19. an 20. Mee. D’Festlechkeeten sin an engem Festzelt gefeiert gin, an en neie Fändel gouf ageweiht.

1974
D’Berbuerger Musek huet um UGDA’S Concours National de Musique et de Chant zu Ettelbréck mattgespillt an an der 3. Divisioun e 1er Prix kritt.

1980
An den 80er Joren war de Veräin nees ganz aktiv, an huet duerch Theaterspillen, a Concertsowender seng Kees opgebessert.

1987
Honnertjaarfeier vun der Berbuerger Musek, wou während 8 Méint d’ganzt Duerf gefeiert huet, an all Mount ee Concert stattfonnt huet. De Week-End vum 11-14. Juni waren d’Festlechkeeten, wou vill Nopeschveräiner ageluede waren, an en neie Fändel ageweit gin as.

1999

2004
No en puer méi schwéieren Joeren, hun sech 2004 déi Becher an déi Berbuerger Musek zesummegeschloss fir hir Concerten zesummen ze spillen an aner Manifestatiounen zesummen ofzehaalen. Zesummen mat der Becher Musek kenne mer erem op ronn 40 Musekanten zielen, an durch Zesummenarbecht mat der UGDA's Museksschoul kommen all Joer jong Musekanten an eis Reien bei. Home BBM BBPN Galerie Revue de presse Historique Agenda Nos partenaires Contact


Weider Dirigenten waren:

  • J. Schintgen 1966-1967
  • René Dahm 1968-1972
  • Ed Graffé 1973-1977
  • G. Meis 1977-1979
  • Nic Baumann 1979-1983
  • Damien Sagrillo 1983-1989
  • Robert Köller 1989-1999
  • Marc Rehlinger 2000-2003
  • Robert Köller 2004-2005
  • Patrick Yves Hengen 2006-2017



Presidenten vun der Musek am Laaf vun der Zeit

  • Johann Metzdorff 1887-1900
  • J.P. Gilson 1900-1907
  • Johann Hoffeld 1907-1912
  • J.P. Gilson 1912-1922
  • Jean Metzdorff 1922-1938
  • Jean Kunsch 1938-1939
  • Ernest Weber 1939-1946
  • Pierre Klein 1946-1957
  • Pierre Stoos 1957-1973
  • Emile Schroeder 1973-1978
  • Ernest Effner 1978-1983
  • Francis Girst 1983-1990
  • Constant Bintener 1990-2002