Geschicht vun der Becher Musek

1890
Grënnung vun der Becher Musek vun 12 Idealisten, ennert dem Impuls vum Jean Thein. Déi éischt 12 Instrumenter sin iwwert e Pret kaaf gin, an d’Musikanten hu misste Bierg stoen. Fir Geld eranzekréien hun si och Theater gespillt.

1904
Aweiung vun der Zuchstréck „Lëtzebuerg-Iechternach“ matt der Becher Musek

1910
Besuch op d’Weltausstellung zu Bréissel

1921
Hämmelsmarsch vun der Becher Musek

1930
Bäitrett an den Adolphveräin an 1.Bedeelegung un engem internationalen Concours

1940-44
D’Musek gouf vun de Preisen verbueden

1945
D’Becher Musek huet der Iernster Musek d’Instrumenter ofkaaf, an huet Pengschtdenschdeg nees op der Sprangpressessioun gespillt, geprouwt gouf déi Zäit beim „Monni Edy“ am klenge Bistrot, well d’Veräinshaus zerstéiert wor.

1948
Matt 8-jähreger Verspéidung huet d’Becher Musek säin 50. Jubiläum gefeiert, an en neien Fändel kritt.

1953
D’Becher Musek hat d’Eier als 1. Musek an der nees opgebauter Basilika ze spillen.

1961
D’Prouwen konnten an dem neien Gemengesall ofgehaal gin.

1964
Grënnung vun enger Museksschoul

1965
De 75.Jubiläum vun der Becher Musek gouf an engem groussen Festzelt gefeiert.

1966
D’Becher Musek huet beschloss d’Memberen aus denen aneren Dierfer aus der Gemeng, an och Meedercher opzehuelen.

1967
Matt 46 aktiven Museker huet d’Becher Musek um Concours vun der UGDA matgemach an en 1er Prix matt Distinction kritt. D’Becher Musek huet eng Museksschoul organiséiert an Zesummenaarbecht matt der UGA.

1968
Gemeinsamen Concert fir Caeciliendag mam Becher Gesank

1981
Aweiung vum restauréierten Becher Tunnel, matt der Becher Musek

1985
Generalversammlung vun der UGDA zu Bech
1. Duerffest beim Weier

1989
Concert-Apéritif vun der Becher Musek op RTL, während der Lokalemissioun zu Bech

1990
Honnert-Jaar-Feier vun der Becher Musek, dat gréisste Fest wat je an dem klengen Duerf Bech gefeiert gin as. En neie Fändel gouf ageweit.

2004
Synergie mat der Berbuerger Musek ennert dem Impuls vum Roby Koeller, den och den 1. Dirigent war den déi 2 Museken dirigéiert huet.