Geschicht vun der Bech-Berbuerger Musek

2006
No zwee Joër huet de Roby Koeller säin Dirigentestab engem jonken Nowuesdirigent dem Patrick Yves Hengen iwwerreecht, den elo, no enger gudder Viraarbecht vum Rob, sech der Erausfuederung gestallt huet aus zwee klengen Veräiner ee grousse, staarke Veräin ze forméieren.

An deenen 2 Joër ass och de Kontakt matt der Museksschoul zu Berbuerg opgebaut gin, an d’Musek huet vill Wert op d’Jugendaarbecht geluecht. D’Musek huet zu dem Zäitpunkt aus 30 Musikante bestan. Am selwechten Joër gouf och direkt eisen Jugendensembel gegrënnt, den matt 15 jonke Musikanten ugefang huet.

Vun Ufank un hu mer nees zwee grouss Concerten am Joër gespillt: ee Chreschtconcert an der Becher Kierch, an e Concert am Fréijoer.

2008
Opféierung vum Kannermusical „Wakatanka“, an Zesummenaarbecht mam Jonglënster Jugendchouer, den „Ourewierm“, an de Spillschoulskanner, Desen 1. Grousse Projet, deen geduecht war fir de Kanner d’Musek méi no ze brengen, an hinnen d’Freed un der Musek ze vermettelen war eng grouss Erausfuederung fir eis Musek, an e riisegen Erfolleg.

2009
Nodems déi 2 Museken 5 Joër matt vill Erfolleg zesumme gespillt hun war de Moment komm en neie gemeinsame Veräin ze grënnen. An enger ausseruerdentlecher Generalversammlung, den 30. Januar 2009, as d’Bech-Berbuerger Musek, d’BBM, offiziell gegrënnt gin, mam Vicky Wagener als éischt Presidentin. Zu der Geleenheet huet eis hausintern Kënschtlerin d‘Elaine Schintgen e wonnerschéine passende neien Logo entworf, den och op deser Versammlung virgestallt gin as. Iwwerreechung vum Croix de Mérite en Vermeil vun der UGDA un déi zwou Gemengen.

2011
De Jugendensembel huet sech en eegenen Numm gesicht, an heescht vun do un „Pink Notes“, a krut och en eegenen Logo vum Elaine entworf

2012
Grënnung vum 2.Jugendensembel, de „Mini Notes“

Nodem d’Vicky Wagener säin Amt als Presidentin néiergeluecht hat, gouf d’Viviane Bohnenberger als 2. Presidentin vun der BBM an der Generalversammlung vun de Musikanten gewielt


Déi grouss Fréijaarsconcerten woren:


Seaworld Fantasy 2009




Circo del Mondo 2010




BBM goes British 2011




BBM plays Walt Disney 2012




BBM plays Big-Band Music 2013




BBM plays Best of Five 2014